Wëllkomm bei der Muppefrëndin

Bei mir steet den Hond a seng Bedierfnisser op der éichter Plaz


Dagesbetreiung: 

  • Mëttwochs 2 Plazen (just sozial Mudderen!)

  • Freides 1 Plaz 

  • Féieren eng Waardelëscht

Pensioun:

KENG Plaze méi fräi fir 2026 !

Ech huelen KENG nei Klienten un e Moment


Servicer

Dagesbetreiung

Dagesbetreiung: Eng sécher Ëmgéigend, sozial Interaktiounen, vill Bewegung a Rouphasen fir äre Mupp

 

Pfleegeservice

Pfleegeservice: Hygienisch Grondpfleeg a Fellpfleeg mat douce Produiten.

 

Pensioun

Iwwert d'Nuecht kann äre Mupp och bei der "Muppefrëndin" bleiwen - Plaze si begrenzt

Oflaf bei enger Umeldung

Dagesbetreiung

Visite

No kurzem Austausch per Mail/Message/Telefonat gëtt e rendez-vous fixéiert fir eng kurz Visite zu Bergem mat ärem Mupp ze maachen. Sou kann ee sech kurz kenneléieren an ech gesinn dem Mupp säi Verhalen am Grupp.

 

Dokumenter

Ass d´Visite gutt gelaf an dir wëllt äre Mupp fir d´Dagesbetreiung umellen, da schecken ech iech meng Dokumenter (Averständnis-erklärung, Wëllkomm-Formular) an dir loosst mech wësse wéieng Deeg de Mupp bei mech kënnt

 

Pensioun

Visite

No kurzem Austausch per Mail/Message/Telefonat gëtt e rendez-vous fixéiert fir eng kurz Visite zu Bergem mat ärem Mupp ze maachen. Sou kann ee sech kurz kenneléieren an ech gesinn dem Mupp säi Verhalen am Grupp.

 

Dokumenter

Ass d´Visite gutt gelaf an dir wëllt äre Mupp fir puer Deeg Pensioun umellen, da schecken ech iech meng Dokumenter (Averständnis-erklärung, Pensiouns-Formular) an dir loosst mech wësse wéieng Period de Mupp bei mech kënnt

 

Eventuell Testdag oder -nuecht

Wann äre Mupp enorm un iech hänkt, an/oder nach ni vun iech getrennt war, roden ech 2-3 Testdeeg oder/an och 1 Testnuecht un. 

 

Wat dir matbrengt wann äre Mupp bei mech a Pensioun kënnt

  1. Fudder
  2. Halsband & Geschirr
  3. Lengt (kurz + laang)
  4. Dem Mupp seng Lieblings-Decken (optional)
  5. Medikamenter (falls néideg)

 

Oft gestallte Froen

Wéi sinn d´Auerzäiten vun der Dagesbetreiung?

Vu Méindes bis Freides vu mueres 7 Auer bis Owes 18 Auer. 

Dirf mäi Mupp och an d'Pensioun kommen wann ech an d'Vakanz ginn?

Jo, ech huelen 2 Hënn zur gläicher Zäit a Pensioun, dh. d´Plaze si séier besat

Bitt dir och Hondstraining un?

Just fir Muppen, déi mir iwwert d'Associatioun "Das schwarze Schaf" vermëttelen. 

Iwwert mech

Alles huet a Rumänien ugefaang...

Kontaktéiert mech

Ech freeë mech iwwert är Noricht.

(Meng Äntwert kann am Spam landen)

Standort

Muppefrendin

77 Grand Rue

3313 Bergem
Luxembourg, Luxemburg

Erstelle deine eigene Website mit Webador